RWTH - Rheinisch-Westfälische Technische Hochschule Aachen
D'RWTH ass mat méi wéi 44.000 Studenten déi gréissten Uni zu Oochen an däitschlandwäit déi gréissten Uni fir technesch Studiegäng. Besonneg bekannt ass d'Uni fir hier Ingenieurswësseschaften, Naturwësseschaften a Wirtschaftswësseschaften an zielt zu den Exzellenzhéischschoulen.
D'Informatiounen op dësser Säit si just als Iwwersiicht (Zesummefaasung) geduecht an nët méi onbedengt up-to-date. D'Unie wiessele vill Informatioune vu Joer zu Joer. Demo gi mir keng Garantie op Vollstännegkeet oder Korrektheet vun den Informatiounen.
Dëss Säit gouff geschriwwe fir Lëtzebuerger mat lëtzebuergeschem Premièresdiplôme. D'Informatiounen ännere sech je no Nationalitéit (Däitschland, EU-Ausland, Nët-EU), a Land vum Diplôme.
Di offiziell Informatioune ginn ausschliesslech vun der RWTH selwer op hierem Site publizéiert. Verschidden Informatioune ginn och just op Nofroo hin bei der "Zentrale Studienberatung" erausgin.
Denk aawer drun, dass d'Uniskäschten nët alles ass, wat ufällt: Wunneng, Iessen, Internet, Stroum, ...
Fir d'Studiegäng op Englesch gëtt am Regelfall e B2 gefroot. Empiresch hu mir festgestalt, dass och hei den "Diplôme de Fin d'Études Secondaires"/"Diplôme de Fin d'Études Secondaires Techniques" duergeet fir de Sproochennoweis ze leeschten. Offiziell Informatiounen hu mir doriwwer aawer nët.
Informatioune fir international Studenten fënnt een op dëser Säit: Besonderheiten internationale Studieninteressierte.
Opgepasst!
D'Informatiounen op dësser Säit si just als Iwwersiicht (Zesummefaasung) geduecht an nët méi onbedengt up-to-date. D'Unie wiessele vill Informatioune vu Joer zu Joer. Demo gi mir keng Garantie op Vollstännegkeet oder Korrektheet vun den Informatiounen.
Dëss Säit gouff geschriwwe fir Lëtzebuerger mat lëtzebuergeschem Premièresdiplôme. D'Informatiounen ännere sech je no Nationalitéit (Däitschland, EU-Ausland, Nët-EU), a Land vum Diplôme.
Di offiziell Informatioune ginn ausschliesslech vun der RWTH selwer op hierem Site publizéiert. Verschidden Informatioune ginn och just op Nofroo hin bei der "Zentrale Studienberatung" erausgin.
Stand: 9.1.2019
Wat kann een op der RWTH studéieren?
D'RWTH bidd iwwer 150 Studiegäng un. Dorënner faale klassesch Ingénieursfächer wéi Maschinebau oder Bauingénieur, aawer och Wirtschaftsingénieur, BWL (Betriebswirtschaftslehre; Eco) oder Natuerwëssenschaften: Souwuel Bio, Physique, Chimie, Mathé wéi och Info kann een op der RWTH studéieren. Eng komplett Lëscht fënns du op dësser Säit vun der RWTH. Dobäi sinn d'Fächer a folgend Fakultéiten opgedeelt:- Fakultät 1 - Mathematik - Informatik - Naturwissenschaften
- Fakultät 2 - Architektur
- Fakultät 3 - Bauingenieurwesen
- Fakultät 4 - Maschinenwesen
- Fakultät 5 - Georessourcen und Materialtechnik
- Fakultät 6 - Elektrotechnik und Informationstechnik
- Fakultät 7 - Philosophische Fakultät
- Fakultät 8 - Wirtschaftswissenschaften
- Fakultät 10 - Medizin
Weider Informatiounen zu dëse Fakultäten fannt der HEI.
Wat kann een op der RWTH NET studéieren?
Nët studéiere kann een zu dësem Zäitpunkt Fächer wéi Design, Sport, Droit (Jura). Ausserdem ginn et keng Bachelorstudien op Englesch.Präiss
A ganz Nordrhein-Westfalen (NRW) bezillt de Staat d'Unis-Käschte fir all Student - och international Studenten. Du muss nëmmen e Studéierendebäitraag bezuelen (ëm déi 300€ am Semester). Dee Bäitraag enthält ënnert aanerem sozial Kontributiounen, mee gréisstendeels gëtt domadder d'Semesterticket (Bus an Zuchticket) bezuelt (siehe FAQ).Denk aawer drun, dass d'Uniskäschten nët alles ass, wat ufällt: Wunneng, Iessen, Internet, Stroum, ...
Unerkennung vum Premières-Diplom
Laut engem Beschkoss vun der Kultusministerkonferenz (KMK) vum 2.6.1995 gëllt en "Diplôme de Fin d'Études Secondaires" oder en "Diplôme de Fin d'Études Secondaires Techniques" als Unerkennung vun der "Algemeinen Hochschulreife" duer. Méi Informatioune bei anabin.kmk.org.Sprooch
All d'Bachelorstudiegäng sinn un der RWTH op Däitsch. Verschidde Masterstudiegäng sinn op Englesch. Fir zu engem Studiegang zougeloos ze ginn, muss een, je no Studiegang, e gewësse Sproochenniveau an där Sproch nooweisen. Laut engem Beschkoss vun der Kultusministerkonferenz (KMK) vum 2.6.1995 geet en "Diplôme de Fin d'Études Secondaires" oder en "Diplôme de Fin d'Études Secondaires Techniques" duer fir ze beweisen, dass du genuch Däitsch kanns fir an Däitschland en däitscht Studium unzefänken. D'RWTH hält sech un dëss Regelung. Méi Informatioune bei anabin.kmk.org.Fir d'Studiegäng op Englesch gëtt am Regelfall e B2 gefroot. Empiresch hu mir festgestalt, dass och hei den "Diplôme de Fin d'Études Secondaires"/"Diplôme de Fin d'Études Secondaires Techniques" duergeet fir de Sproochennoweis ze leeschten. Offiziell Informatiounen hu mir doriwwer aawer nët.
Zouloosungsbeschränkung/Numerus Clausus (NC)
Verschidde Studiegäng sinn "zouloosungsbeschränkt" (ët brauch een eng Mindestnote fir ranzekommen (NC)). Dëss Studiegäng brauchen eng Bewerbung - je no Studiegang bei der RWTH selwer (RWTHonline) oder iwwer d'Websäit Hochschulstart (z.B. fir d'Medezin oder Zännmedezin). Aaner Studiegäng sinn "zouloosungsfräi": ët kann een sech einfach esou aschreiwen.Wat brauch ech fir mech anzeschreiwen?
Online Aschreiwung | Aschreiwung am Studierendensekretariat | |
1 | Copie conforme vun ärem Diplom | Diplom am original (kritt der direkt neess zeréck!) |
2 | Enveloppe DIN A4 mat ärer Adress an engem Timber fier d'Äntwert | Bei engem zulassungsbeschränkten Fach: Zulassungsbescheid vun der RWTH |
3 | Falls en Stage néideg ass fier kënnen daat Fach ze studéieren: Beweis dat der den Stage gemacht hutt | |
4 | Falls fier ären Studiengang en SelfAssessment/FachAssessment gefuerdert gët: Noweisen kënnen dat der dorunner Deel gehol hutt | |
5 | Carte d’identité/Reespass oder Passersatzdokument | |
6 | Krankenkeesbescheinigung vun der AOK Aachen |
Weider Informatiounen zu der Aschreiwung fënns du op dësser Säit.
Anschreiwungsdatum
Bewerbungsfristen
- Zulassungsbeschränkt Studiengäng (1. Fachsemester): Bis Mëtt Juli
- Zulassungsbeschränkt Studiengäng (méi héch Semester): Bis Mëtt September
Anschreiwungsfristen
- Zulassungfräi Studiegäng: Mëtt September bis Enn Oktober
- Zulassungsbeschränkte Studiegäng: Frist am Zulassungsbescheid