FH - Fachhochschule Aachen
Fakultäten
- Fakultät 1 - Architektur
- Fakultät 2 - Bauingenieurwesen
- Fakultät 3 - Chemie & Biotechnologie
- Fakultät 4 - Gestaltung
- Fakultät 5 - Elektrotechnik & Informationstechnik
- Fakultät 6 - Luft- & Raumfahrttechnik
- Fakultät 7 - Wirtschaftswissenschaften
- Fakultät 8 - Maschinenbau & Mechatronik
- Fakultät 9 - Medizintechnik & Technomathematik
- Fakultät 10 - Energietechnik
Weider Informatiounen zu dësen Fakultäten fannt der HEI.
Wat braucht der fir iech anzeschreiwen?
Zulassungsbeschränkt Studienfächer | Zulassungsfrei Studienfächer | |
1 | An zulassungsbeschränkten Studiengäng sollt der keng Ënnerlagen fier Bewerbung schécken. Wann der eng Studienplaatz kritt, ass am Zulassungsbescheid alles opezielt, waat fier Immatrikulatioun wichteg ass. | An zulassungsfreien Studiengäng gid der um Enn vum Online-Bewerbungsformular opgefuerdert, en Zulassungsschreiben erauszeprinten. Do steet alles dran wat fir d'Immatrikulatioun wichteg ass. |
2 | Diplom | |
3 | Falls en Stage néideg ass fier kënnen daat Fach ze studéieren: Beweis dat der den Stage gemacht hutt | |
4 | Carte d’identité/Reespass oder Passersatzdokument | |
5 | Krankenkeesbescheinigung vun der AOK Aachen | |
6 | Einzahlungsnachweis Semesterbeitrag | |
7 | Tabellareschen Liewenslaf |
Anschreiwungsdatum
Anschreiwungsfristen
- Déi am Zulassungsbescheid genannten Frist
Bewerbungsfristen
- Zulassungsbeschränkt Studiengäng (1. Fachsemester): Bis Mëtt Juli
- Zulassungsbeschränkt Studiengäng (méi héch Semester): Bis Mëtt September
Déi genau Daten fannt dir hei.
Numerus Clausus
Fir verschidden Fächer muss een eng gewëssen Note hunn, all wichteg Informatiounen dozou fannt der HEI.
Semestergebühren
An ganz NRW (Nord-Rhein-Westfalen) gëtt et säit dem Wantersemester 2011 keng Semestergebühren mëi. Den Studierendenschaftsbeitrag ass 223,81 € (fir Bus, Zug, Studentenwerk…). Mat dem Semester-Ticket kann een gratis duerch ganz NRW fueren.