Tournoi de l'Ambassadeur

Verëffendlecht, den 23.02.2025 Tournoi de l'Ambassadeur

Léif Sportler, léif Ultras!

Den Tournoi de l’Ambassadeur steet nees virun der Dier, deen dëst Joer bei eis zu Oochen statt fënnt. Dofir invitéiert den AVL häerzlech déi traditionelle Cerclen (GDL, LESTLE an CELB) sou wei och all anere Cercle de mat Fussball spille well an eis schéi Kaiserstadt.

Wei all Joer start Moies de Fussballturnéier, wou et Cercle géinteneen untrieden. Dono gëtt de Roi an d’Reine National(e) ënnert de 4 traditionelle Cerclen gekréint.

Fir Iessen a Gedrénks wärend dem Turnéier ass natierlech gesuecht, soudass et eise motivéiert Spiller souwéi de Supporter un neicht feelt. Dofir geet et eng Gedrénksflatrate fir 22€ wou awer och nach 3 Gegrills inklu sinn. Des Joer ass den Tournoi de l’Ambassadeur nees een EcoCup Event, also virgeest net ären Becher matzebréngen.

Wat steet um Programm:

Freides den 11.04        

  – Wëllkommpatt an eisem Stammcafé Kaktus (Pontstraße 121, 52062 Aachen) um 20h00 wou et ee Béier/Soft pro Kapp op den AVL geet

Samsdes den 12.04     

– 10h00: Treffpunkt beim Fussballterrain Rasenplatz Helleter Feldchen (Helleter Feldchen 42, 52146 Würselen) sou dass den Turnéier pünktlech um 11:00 starte kann

  – 18h00: Kréinung vum Roi a vun da Reine National(e)

  – 20h00 : Fir den haarde Kär geet et dono nach weider an de Sowiso (Pontstraße 164-166, 52062 Aachen)

Wichteg Infoen zum Fussballturnéier:

  –  Gespillt geet an Equipe vu 7 Spiller (Golkipper inclus), dobäi ass d’Unzuel vun Ersatzspille egal

  –  All Cercle spillt géint all Cercle

  –   Déi véier traditionell Cerclen kënne maximal dräi Equippen umellen, déi aner Cerclen kënne just eng Equipe aschreiwen

  –   Leider stinn eis um Terrain keng Vestiairen an Duschen zur Verfügung

Wann dir eng Equipe umelle wëllt, kennt dir iech als Cercle bis den 22.03.2025 ennert dem follgende Link umellen.                                      

https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSemCfaIYKmVSN8zxTPk3uB-I0-P3B0zl-CCnYm9lNLe-R7VYA/viewform?usp=header

Umeldung fir JIDDEREEN bis den 22.03.2025:

Jiddereen deen un dësem Event well deelhuelen, egal op da selwer matspillen, eis Sportler ufeieren oder einfach den een oder anere Béier drénke wëllt, soll iwwert de follgende Link de Formular ausfëllen an sech umellen. Iwwert desen Formular kennen och et Studente vun den aneren Cerclen uginn op sie eng Schlofplaz brauchen. Oppassen et ginn nëmme limitéiert Schlofplazen sou dat et nom Prinzip “First come, first served” verlafen wäert.

https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSfrYdDuox-eQJ3UE29pflNJJXE0RtAgrODruPFg0ozsf0dzHg/viewform?usp=header

 

Maacht w.g.l ären Virement fir et  Gedrénksflatrate  vun 22€ bis spéitstens 28.03.2025 op eisen AVL Konto: LU18 0019 1755 6653 8000. Réischt no der Iwwerweisung ass är Umeldung definitiv.

Mir freeën eis ob iech an hoffen iech zuelräich do ze gesinn,

Äre Comité