Tournoi de l'Ambassadeur

Verëffendlecht, den 25.03.2024 Tournoi de l'Ambassadeur
Léif AVLer,
Dest Joer invitéiert de CELB op den traditionellen alljährlechen „Tournoi de l'Ambassadeur“! Mee wat ass iwwerhaapt den Tournoi de l'Ambassadeur a wourëms geet et?
Den Tournoi de l'Ambassadeur ass een Fussballturnéier wou all Lëtzebuerger Studentecercle häerzlech invitéiert ass, eng (oder méi) Ekipp opzestellen. Deen Turnéier gëtt säit den 80er ofwiesselnt vum AVL, CELB, Lëstlé an der GDL organiséiert dofir hunn dës Cerclen och de Virrang un Ekippen. Eng Ekipp besteet aus mindestens 7 Persounen an Unzuel un Ersatzspiller ass egal.
Zousätzlech gëtt op dësem wichtegen Event och de Roi an d'Reine National.e, ënnert de véier traditionelle Cerclë gekréint. En Wettkampf den ee sech scho bal manner entgoe loosse wëll wéi de Fussball. Fir deen Adelstitel ze verdéngen mussen déi respektiv Roi an Reine des bleus vun den OG Cerclen (dh. AVL, CELB, Lëstlé an GDL) esou vill Béier inhaléieren wei et geet. Eisen éischen an bis eloeenzegen Roi ass de Ben Graas (2022) mir hoffen och dës Joer rëm op den Titel!
Waat steet um Programm?
Freides (26.04): Hei gëtt eis Roi a Reine National.e gekréint!
- 18:00 Fräibéier
- 20:00 : Roi a Reine national.e
- 23:00 : After am Gauguin
Samschdes (27.04):
- 12 Auer - Start vum Fussballturnéier (Bd du Triomphe 40, 1050 Ixelles, VUB / 50.823584, 4.394339)
- 21:00 : Owendiessen an der Bastoche um Cimitière d’Ixelles (Chaussée de Boondael 473, 1050 Ixelles)
-22:30 : Soirée Casual Chic an der Bastoche
Selbstverständlech musst dir iech keng Suerge fir ären Duuscht maachen. Fir genuch Gedrénks wärend dem Fussballturnéier ass gesuergt. Et solle genuch Béier affonéiert ginn!
Wichteg Informatiounen zum Fussballturnéier:
• Eng Equipe besteet aus 7 Spillerinnen a Spiller (Golkipper inclus)
• D’Unzuel vun Ersatzspillerinnen a Spiller ass egal
• All Cercle spillt géint all Cercle
• Déi véier traditionell Cercle kënne maximal dräi Equippen umellen, déi aner Cercle kënnen eng Equipe aschreiwen
Mir wäerten viraussiichtlech 3 Ekippen opstellen, déi no Niveau opgedeelt gin. Op der also grouss kleng, , RWTH oder FH sidd et ass komplett egal dir hutt keng Excuse. Soulaang dir méi wei 100m lafen kennt ouni ze falen sidd der Wëllkomm.
Wann dir wëllt matspillen, musst der iech beim Luc Jakoby umellen. Entweder iwwert Facebook oder per mail ënnert : luc.jakoby@avl.lu
Sollt dir keen Fussball spillen, dann sidd der natierlech häerzlech Welkomm bei den AVL-Ultras matzemachen an éis Athleten unzefeieren.
Oppassen et gin nëmmen limitéiert Schlofplatzen sou dat et nom Prinzip „ First come, first served“ verfueren wäert! Macht iech bäi!
Wéi kommen ech dohinn?
Mir maache wéi all Joer Fuergemeinschaften an belounen eis Chaufferen wéi ëmmer fir all Persoun déi se mathuelen. Och wann dir den Zuch huel wëllt leeë mir eppes bäi. Weider Infoe kommen no.
Wat kascht de Spaß?
• Ganze Programm: 42 €
• Just Freidegowend (Fräibéier + Roi/Reine national.e) 10 €
• Just Forfait Consommatioun Samschdegmëtten 10 €
• Just Owendiesse Samschdenowend 25 €
Maacht w.g.l en Virement vierum 21.04 op dem Celb sein Konto: LU29 0019 2755 4470 3000
Umeldung fir jiddereen:
Jiddereen deen un dësen zwee Deeg wëll deelhuelen, egal fir unzefeieren, selwer ze spillen, fir ze feiere oder fir de Fräibéier: soll de Formular ausfëllen an alleguerten d’Informatiounen, wéi zum Beispill fir d’Schlofplaz, genau uginn.
Umeldungslink:
 
Mir freeën eis iech och zu Bréissel zuelräich ze gesinn
Léif Gréiss,
äre Comité