Staffellaf
Verëffendlecht, den 18.04.2025
Léiw Memberen,
Den 23. a 24. Mee fënnt rëm den AVL Staffellaf statt. Bei dësem Event lafe mir gestaffelt vun Ooche bis op Lëtzebuerg. Dëst Joer lafe mir op Reiden, an d’Heemechtsgemeng vun eisem Präsident Ben Graas.
Wéi wäert de Staffellaf oflafen?
Den 23. Mee treffe mir eis zu Oochen um 7:00 Auer virum SuperC, wou dann de Startschoss vun eisem Staffellaf statt fënnt.
Den éischten Dag lafe mir op Ëlwen, vun do fuere mir da mam Auto op Géisdref wou mir Owes all zesummen iessen. Dir wäert do och d‘Méiglechkeet kréien zu Gréisdref ze schlofen.
Den zweeten Dag geet et da ness mam Auto op Elwen an lafe vun do weider op Reiden wou mir vun der Gemeng op een Éierewäin ageluede goufen.
Weider Infoen zum Staffellaf wäerten Densdes den 6.05 op da Staffelversammlung um 20:00 am Kaktus beschwat ginn oder hei an da Veranstaltung gepoust ginn.
Bis geschwënn,
Är Sportministesch