Ofsch(l)ossfest 2024

Verëffendlecht, den 11.07.2024 Ofsch(l)ossfest 2024

Leif Memberen,
Nächst Woch ass et rëm esou wäit. Déi éischt hunn eventuell schonn ugefaange mat léieren mee den Méinden ginn d’Bicher (oder Tabletts fir all déi modern Studenten) op d’Säit geluecht fir nach eng leschte Kéier een schéinen Owend ze verbréngen. Ah jo an dono fänken d’Klausuren och un.
Dat ganzt ass dann den 15. Juli bei der Grillplaz Rütscher Straße bei den Tierm.
Mat sensationelle Spiller wéi dem traditionellen Neel aklappen, Flunkyball, Spikeball a Béierpong ass de Spaass fir déi ganz Famill garantéiert. Mat sou vill Oflenkung vergësst een jo scho bal de ganzen Unistress!
Ausserdeem gëtt ee Grill ugeschmass an fir Baguetten an Zoossen (sponsored by Moutarderie de Luxembourg) ass gesuergt. Opgepasst, dat heescht dir muss äert Fleesch / Veggie Alternativ selwer mathuelen! Mee dat ass jo gutt, dann ësst och jiddereen genau dat wat e wëll.
Gëtt et dann ze drénken? Natierlech, mir suerge fir Béier, kasteel rouge, Waasser an Softdrinks. Dëst Joer huele mir fir dei zweet Kéier een Faass mat bei d’Grillplaz, denkt also un ären AVL-Becher oder Ecocup Alternativ! Fir déi déi vergiesslech sinn oder nach keen hunn, kënnen der och selbstverständlech den Dag selwer kafen. Fir dat mer Iech genuch Gedrénks kennen offréieren, wiere mer frou wann der eis sou schnell wéi méiglech Bescheed sot.
Mir hoffe vill Leit vun iech bei eisem Ofsch(l)ossfest begréissen ze kennen, fir dat mer d'Summersemester zesumme kennen ausklénge loossen. Wëssenschaftlech Studien hunn ëmmerhin bewisen datt Studenten déi op d’Ofsch(l)ossfest kommen garantéiert all hier Exame packen!
Bescht Gréiss u jiddereen,
Ären Comité