Lëtzebuerger Béierowend

Verëffendlecht, den 23.11.2024 Lëtzebuerger Béierowend
🍺🇱🇺🍺🇱🇺🍺🇱🇺🍺🇱🇺🍺🇱🇺🍺🇱🇺🍺🇱🇺🍺🇱🇺🍺🇱🇺
Léif Memberen,
Et ass rëm sou wäit! Den 27.11 steet eisen traditionelle Lëtzebuerger Béierowend virun der Dier!
Dëst Joer si ronn 30 Béierzorten aus 10 Brauereien am Sortiment. Dofir kommt bis laanscht a degustéiert di beschten an diverste Béier aus Lëtzebuerg mat ons!
De Beerpongdësch gëtt natierlech och rëm ausgepak. Fir den Honger tëschenduerch hu mir och Pfefferbeisser. D'Ultra-Fans, déi net gär op engem Bee stinn, kënnen eng Schlupp Picon huelen, bis de Béier däischter ass!
D‘Soirée start um 19:30h am Pfaffenturm (Junkerstraße 68). Fir d’Entrée froe mir 5€, sou dass mir déi verschidde Béierzorten och zu engem ugemoossenen Präis un iech weiderverkafe kënnen.
Vergiesst och ären Eco-Cup net, well et natierlech och rëm Diekircher vum Faass gëtt!
🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺🍺
Mir freeën eis ob iech an hoffen iech zuelräich do ze gesinn! Prost! 🍻