Intercercle Stad Rallye zu Oochen - ofgesot!

Verëffendlecht, den 18.11.2020
Léif Memberen a léif Frënn vum AVL,
 
Vu dass nach ëmmer keng Besserung fir déi momentan Corona Situatioun a Siicht ass, gesi mir eis leider gezwongen eis Stad Rallye nächste Mëttwoch ofzesoen. Mir hunn keng Méiglechkeet dësen Intercercle der Situatioun no ugepasst kënnen duerchzeféieren.
Et ass schued mee wat dëst Joer net geet huele mir nächst Joer no also haalt iech schonn mol Enn November 2021 fräi a freet iech op eng nei Editioun vun eisem Intercercle!