Glühwäinsoirée & Kleeschen

Verëffendlecht, den 05.12.2024 Glühwäinsoirée & Kleeschen

Léif AVLer,

Nach e puer mol gi mer schlofen... Et ass gläich erem souwäit, de Kleesche kennt bei eis op Oochen! 🎅🤶

A fir him a senge Gesellen en uerdentlechen Empfang ze bidden inviteiere mir iech + Kleeschen&Co. de 11. Dezember op eis traditionell Glühwäinsoirée!🍷☕️

D'Event geet um 20:00h lass. Ab da gellt de ganzen Owend, geint bezuele vu 12€ Entrée,: All You Can Drink Glühwäin (mat oder ouni Schoss (Amaretto/Rum)) an och Beier! 🍻 

Am präis vun der Entrée ass och eng Taas mat dra, fir mat heem ze huelen.

Dest Joer si mir an der Haus4Bar, (Haus hannert dem Eckerweg 20)

 

Fir de klengen Honger teschenduerch gëtt et Chili Con Carne!!

De Kleesche kënnt den Owend och net mat eidelen Hänn! Fir déi Brav ënner iech huet hie Schockela dobäi a fir déi manner Brav bréngt de Kleesche säi Kolleeg den Houseker mat. Fir dass de Kleesche ganz exakt weess wie vun iech eng Belounung oder eng Strof verdengt huet ass är Hellef gefrot! Dest Joer ass de Kleeschen Hightech ginn, also schreift déi bescht, penibelst oder witzegst Geschichten iwwer iech an är Kolleegen ab elo an dëse Forms: https://docs.google.com/forms/d/1GStuDjyK7W15l5Suge1C-tAnt1gqNQyOR8wXYT6-C4o/viewforman dann kanns du deng Kolleegen oder och dech selwer op der Glühwäinsoirée an eng Situatioun brengen déi se/du ni vergiesse wäerten/s!

 

DRESSCODE: Fir dass vu vir eran déi richteg Chreschtdagsstemmung opkennt biede mir iech iech passend unzedoen, entweder mat engem ugly Christmas Sweater oder mat Accessoiren/Verkleedungen, dei iech a Chreschtstemmung

brengen.

 

Bescht Greiss vu Kleeschen a Co.

äre minabele Comité💛🖤