Glühwäinsoirée & Kleeschen
Verëffendlecht, den 25.11.2023Léif AVLer,
Nach e puer mol gi mer schlofen... Et ass gläich erëm souwäit, de Kleesche kennt bei eis op Oochen! A fir him a senge Gesellen en uerdentlechen Empfang ze bidden invitéiere mir iech + Kleeschen&Co. de 6. Dezember op eis traditionell Glühwäinsoirée! D'Event geet um 20:00h lass. Ab da gëllt de ganzen Owend, géint bezuele vu 5€ Entrée,: All You Can Drink Glühwäin (mat oder ouni Schoss (Amaretto/Rum)) an och Béier! Dëst Joer si mir rëm am Pfaffenturm, do wou och de Lëtzebuerger Béierowend war. Fir de klengen Honger tëschenduerch gëtt et Chili Con Carne!
WICHTEG: Bréngt w.e.g äer eegen Taass vun Doheem mat!
De Kleesche kënnt den Owend och net mat eidelen Hänn! Fir déi Brav ënner iech huet hie Schockela dobäi a fir déi manner Brav bréngt de Kleesche säi Kolleeg den Houseker mat. Fir dass de Kleesche ganz exakt weess wie vun iech eng Belounung oder eng Strof verdéngt huet ass är Hëllef gefrot! Schéckt déi bescht, penibelst oder witzegst Geschichten iwwer iech an är Kolleegen ab elo un anita.barthelmy@avl.lu oder privat iwwer Messenger un d'Anita Barthelmy! Hat gëtt des weider un de Kleeschen an du kanns deng Kolleegen oder och dech selwer op der Glühwäinsoirée an eng Situatioun bréngen déi se/du ni vergiesse wäerten/s!
DRESSCODE: Fir dass vu vir eran déi richteg Chrëschtdagsstëmmung opkënnt biede mir iech iech passend unzedoen, entweder mat engem ugly Christmas Sweater oder mat Accessoiren/Verkleedungen, déi iech a Chrëschtstëmmung bréngen.
Bescht Gréiss vu Kleeschen a Co.
äre minabele Comité