Caférallye Intercercle 2024 - Mäll dech elo un!

Verëffendlecht, den 10.10.2024 Caférallye Intercercle 2024 - Mäll dech elo un!
Léif Cerclen,
Léif Memberen vum AVL,
heimat invitéieren mir Iech ganz häerzlech op eisen traditionellen Caférallye-Intercercle zu Oochen! Dëst Joer hu mir och rem 3 Deeg Programm fir iech preparéiert!
De Spaß start den 1. November an end den 3. November!
Folgenden Programm ass firgesinn:
Freides: Wëllkommpatt am Kaktus um 20 Auer = 1 Gratis Béier/Soft op den AVL!
Samschdes: Caférallye - Start um 13 Auer. Startgeld fir den Rallye sinn 10€ - keng Angscht, et kritt een och eppes fir säi Geld! Am Präis ass de Fräibéier owes nom Rallye mat abegraff. Fräibéier beinhaltet dës Joer net just Béier a Softs, mee och en Drink fir Leit di keng Béierfans sinn! Info zu den Équippen vum Rallye: Teams kënner selwer erstallt ginnn, eenzeg Reegel: Max. 10 Persounen pro Team - dovun minimum 1 Oochener an 1 Sale Bleu!!
Sonndes: Brunch um 11 Auer. De Präiss fir Ralllye + Brunch läit bei 25€ Partizipatioun. Fir eis vun dem ustrengenden Weekend ze entspanen geet et fir di ganz motivéiert, déi nach net sou schnell heem wëllen, nom Brunch an d'Carolus Thermen (aus eegener Erfahrung - maacht et!!).
Mir bidde Schlofplatzen un, dir braucht keen Hotel ze buchen!
Mellt iech w.e.g. bis den 27. Oktober fir déi eenzel Deeg un an iwwerweist dann schnellstméiglech den passenden Montant (10€ just fir de Rallye an 25€ fir Rallye + Brunch) mam Betreff "Numm + Caferallye" op den Konto vum AVL (LU18 0019 1755 6653 8000).
Fir weiderhin Up-2-Date gehal ze ginn, kënnt der iech op eisem Event op Facebook umellen oder och eis Instagram. Story verfollegen (@avl_oochen).
P.S. Dës Joer kënn der den éischten limited Edition Sammel Pin fir den Intercercle kafen!
Mir frëeen eis op Iech!
Ären AVL-Comité🖤💛