Béierwanderung
Verëffendlecht, den 24.03.2025
Léif AVLer,
D’Summersemester steht firun der Dier an domadder och dat eicht AVL Event!🎉🍻
Den *9.4* treffe mer eis dofir um Katschhof wou dann och den *Départ ass um 13:00* fir eis *Béierwanderung*!🍻
Dëst Joer ass Ziel een anert wei soss, et geet bei den Rollefbach-Viadukt!
Et sinn 7,9km bis dohinner. De Béier, Softs a Radler brenge mer matt an gëtt dann opgedeelt. Denkt also un ee Rucksaack!
Duerno genge mer dann nach deen een oder aneren an de Kaktus drénken😉🍻
Dréck bis den 7.4 op Zusagen wanns de matgees!
Bis geschwënn,
Äre Prési