AVL Oktoberfest 2024
Verëffendlecht, den 04.11.2024Grüss Gott an O’zapft is!
Och wann den Oktober zwar esou lues zum Enn geet, loosse mir eis awer net dovun ofhalen eis eege klengt Oktoberfest ze maachen. De 6.November wäerte mir am Ponttor der bayrescher Traditioun nogoen an ab 20:30 mat Béier, Wurst a Brezel bei passender Musek den Owend genéissen.
Aus Sécherheetsgrënn ass d’Unzuel u Persounen am Ponttor leider op just Maximal 40 Leit begrenzt, d'Umeldung ass voll awer et gett eng Waardelescht iwwer de Link!
Fir 10€ kënnt dir hei de ganzen Owend vu Fräibéier, enger Alternativ a Softs profitéieren a kritt nach ären eegenen 0,5L Maßkrou deen dir mat heem huele kennt.
Fir 15€ kritt dir dann de Krou, de Fräibéier oder d'Softs an eppes z’iessen, dobäi gëtt et dann och eng vegetaresch Optioun.
Well de ganzen Owend Bargeldlos oflafe soll, sidd dir gebieden de Montant bei erfollegräicher Umeldung schnellstméiglech op de Konto vum AVL ze iwwerweisen (LU18 0019 1755 6653 8000, „Däin Numm -Umeldung Oktoberfest“). Wann de Betrag bis de 4. November net bezuelt ass verléiers du deng Plaz nees an eng aner Persoun op der Waardelëscht kritt spontan d’Chance sech unzemellen. Waardeleschten Umeldungen mussen net direkt bezuelen.
Déi passend Kleedung fir en Oktoberfest ass natierlech och erwënscht, also schmäisst iech an äre beschten Dirndl oder är schéinste Liedersbox.
Mellt iech w.e.g. iwwer de follgende Forms un:
https://forms.gle/huUDS3vLaK8u93G6A
https://forms.gle/huUDS3vLaK8u93G6A
Ein Prosit,
Äre Kulturminister