AVL meets LSC - Summerfest

Verëffendlecht, den 18.06.2024 AVL meets LSC - Summerfest

☀️🍻Dëst Joer luet den LSC iech erëm all an de Volksgarten op säi Summerfest an!

Fir Béier, Sangria a Wäin ass gesuergt! Souwéi fir Baguette, Zaloten an Dessert.

Fir dass jiddereen och dat ze frupse kritt wat en am léifsten huet, soll jiddereen säi Fleesch fir op de Grill selwer matbréngen. Fir Animatioun suerge mir mat Musek, Beerpong, Volleyball, Flunkyball a Spikeball. Well mir an engem ëffentleche Park feieren, denkt drun eng Decke matzehuele fir iech ze sëtzen. 

🗓️Wéini? 25.Juni 17:00

📌Wou? Volksgarten

💸Präis? 10€ fir Memberen / 13€ fir net Memberen

👫Wie kann alles kommen? LSC, AVL, LSD an ALESONTIA

Mir hoffen zuelräich present ze sinn,

äeren AVL-Comité 🖤💛