AVL goes Tivoli
Verëffendlecht, den 13.04.2025
Léiw AVLer,
den 10ten Mee steet erëm „AVL goes Tivoli“ um Programm, wou mer zesummen den Match tëscht Alemannia Aachen an 1. FC Saarbrücken kucken ginn.
Upaff vun dësem leschten Heemmatch vun der Saison ass Samsdes den 10.05 um 14:00.⚽️
Momentan stinn d'Alemannia mat 44 Punkten am Mëttelfeld vun der Tabell. Soumat ass de Klassenerhalt nach méiglech, de ma dann hoffentlech zesummen um leschten Heemmatch mat enger gudder Stëmmung am Tivoli feieren kennen. 🎊
De Präis vun den Tickete gëtt zum Deel vum AVL iwwerholl, vir e reiwungslosen Oflaf wäerte mir déi schon am viraus reservéieren. Den Ticketverkaaf geet Muer un dowéinst mell dir alleguer bis de Mettwoch 16.04 um 16:00 un soudass mir nach genuch Tickets fir jidderee kréien.
Et Umeldung iwwert de Link ass definitiv, dh mellt iech nëmmen un wann der och wierklech kommt, soudass mir net op den Ticket setze bleiwen.
Umeldung verleeft iwwer follgende Link:
https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSfzKgRdwZ7_HK7KvwhQHMLl_P62pCPURU9Z8IjGQpL7OoUSPA/viewform?usp=header
Weider Infoe kommen no
Mat beschten Gréiss,
Är Sportsministesch