AVL goes Dürener Badesee

Verëffendlecht, den 13.06.2024 AVL goes Dürener Badesee

Leif Memberen,

Lo wou d'Wieder emmer besser gëtt an emmer méi Plusgraden ugewisen ginn ass et un der Zäit fir d'Schwammboxen auszepaken an um Strand rout ze ginn. 

Mir lueden lech dofir häerzlech an, Mëttwochs den 26. Juni, mat ons op den Dürener Badesee d'Sonn ☀️genéissen ze goen an fir déi die loscht hun Wakeboard/Wasserski/Kneeboard 🏄‍♂️fueren zegoen um Dock5.

Hei sinn d'Infos fir dei, dei wellen mat Wakeboard/Waaserski fueren:

- 1h fueren kascht 22€ an 2h 28€, wann sech genuch Leit unmëllen kennen mir och eng ganz Bunn lounen, mir brauchen dofir awer minimum 10Leit. 

-D'Material kennt dir do selwer ausleinen, den Preis bis 2h fir en Ufängerwakeboard sinn 20€, en Bried fir Obstacles kascht bis 2h 22€. Waaserski souwie och Kneeboards sinn gratis. Ausserdem kritt en eng Prallschutzwest fun hinnen gestallt.

Dir fannt weider Infos ob https://dock5.eu/

Dir kennt är Gruppen, mat deenen der op den Séi kommt, sou gestalten wei der wëllt. Mir geifen lech awer uroden fir 11-12 Auer um Séi ze sinn,well nemmen eng begrenzten Unzuel u Leit op den Séi eran gelooss ginn an en sou zimmlech schnell voll gëtt,mir bieden just déi die wëllen Wassersport maachen, sech iwwert Mail (tim.goedert@avl.lu) oder Facebook unzemëllen, well mir ab 10 Léit die fueren wëllen, Bunn privat kenne Buchen, sou muss een manner waarden an et kritt een mei Fahrdauer. 

D'Entrée fir op den Sei kascht 4€ an den Parking kascht 3€. Dir kennt also mam Auto 🚘 kommen an direkt virun der Entrée parken. D'Adress ass „Am Badesee 1, 52349

Düren". Fir Gedrenks 🍻ass gesuecht, wann dir extra wensch hutt kennt dir déi natierlech och matbrengen. Wann der een Spill mathuelen wëllt geifen mir eis an och bestemmt die aaner dodriwwer frëen. Grillen däerf een um Séi leider net.

Mir hoffen lech den Mëttwoch(26.06)um Badesee kennen ze gesinn an dass mer een flotten Nomëtten zesummen verbréngen kennen! 

Äre Comité