Assemblée Générale Ordinaire 2025 (20.1.2025)
Verëffendlecht, den 13.01.2025Léif AVL‘erinnen, Léif AVL‘er,
Mam Joreswiessel steet dann och ee Wiessel am AVL bevir, soudass dir häerzlech op d'Assemblée Générale Ordinaire de 20.01.2025 um 18.00 am Hörsaal 1010|213 – V am Haaptgebäi invitéiert sidd.
Hei gëtt de Bilan vum leschte Joer gezunn, an den néie Comité gewielt. Mir wäerten och eng Statutenännerung virhuelen. Dee genau Statutenännerung an den Orde du jour kritt dir per Mail geschéckt dofir liest iech de bis zur AG duerch. Weiderhi kennt dir eng Memberskaart kafe fir dat néit Joer. No der AG kritt dir den neie Karel fir ze liesen a mir maachen eis dann zesummen op de Wee an de Kaktus op de Fräibéier! Hei ginn dann d'Stëmme fir de Comité 2025 ausgewäert an duerno stellt den neie Comité sech nach vir! Opgepasst et kritt een nëmmen ee Bännche vir de Fräibéier wann een och op der AG war.
Wanns du selwer net op AG komme kanns hues du, laut §9-1, d'Méiglechkeet engem anere Member eng Procuratioun auszeschreiwen, dass dëse fir dech wiele kann. An der Procuratioun soll da kloer drastoen un wien déi geriicht ass an eng Ënnerschrëft soll net feelen.
Mir bieden all eis Member op AG ze kommen oder eng Procuratioun auszeschreiwen, well mir brauchen 2/3 vun eisen Memberen vir eng Ännerung an eise Statuten virzehuelen!
Wanns du dech als Kandidat fir den nächste Comité wëlls opstellen, kanns du dat bis d'AG nach maachen andeems du eng Email un comite@avl.lu mëss. Och sur place kann een nach spontan kandidéieren.
Ech wënschen iech en erfollegräicht néit Joer a mir gesinn eis all op der AG!
Äre Comité