125 Joer AVL: Opening
Verëffendlecht, den 29.03.2022
Léiw Memberen,
Wei dir warscheinlech schonn matkritt hutt, feiert den AVL 125 Joer. Dowéinst ginn dëst Joer zousätzlech Festivitéiten organiséiert, an dat ganzt fänkt mam 125 Joer Avl:Opening un! Des Event gëtt fun eisen Anciens organiséiert an fënnt zu Lëtzebuerg, den 22. Abrëll 2022 ab 21:00 Auer am Melusina (Lounge) statt.
Mir géingen Iech bieden, Iech iwwert de Formulaire ob folgendem Site: 125 Joer AVL: Opening Soirée am Melusina (Lounge) 22. Abrëll – Aachen.lu – die Al Oochener unzemellen, sou datt Sie eng Iwwersiicht iwwer d’Zuel vun de Gäscht kréien. Dir kënnt awer och kommen wann der nët ugemellt sidd. D’Entrée an déi éischt 3 Gedrénks si fir Memberen (Anciens an AVL) gratis an et ass warscheinlech Covidcheck (3G) Evenement.
Dei komplett Adress ass:145 r. de la Tour Jacob, L-1831 Luxembourg
Kommt zu vill a gutt gelaunt!
Mat beschte Gréiss,
Daniel
AVL Comité