11.11 Kölle Alaaf
Verëffendlecht, den 04.11.2024Léif AVLer,
an genau enger Woch ass et nees sou wäit: eis Nooperen aus der oochener Niewestadt loossen nees d‘Jecke raus!!
A sou fein wi si sinn, lueden si hier léiw Nooperen aus der schéinster Doumstadt an fir mat hinnen (an natierlech villen aaneren) zesummen ze feieren! Do kann ee jo bal net nee soen.
A sou fein wi si sinn, lueden si hier léiw Nooperen aus der schéinster Doumstadt an fir mat hinnen (an natierlech villen aaneren) zesummen ze feieren! Do kann ee jo bal net nee soen.
Wei gesäit de Programm aus?
10.11.: Welcome Fräibéier vun 20:30 bis 23:11 am Venus Celler (vir 11,11€)
11.11.: Kölle Alaaf mat Treffpunkt beim Lëtzebuerger Bam um 9:30
12.11.: Tuesday Brunch a guidéiert Tour duerch d’Kölner Alstad
D'Umeldung sinn schon op an dir kënnt iech fir alles eenzel umellen. Fir Samschdes alleng musst dir iech net umellen.
Wann dir do schloofe wëllt, maacht iech bäi! D‘Schloofplaze sinn nämlech limitéiert.
Wann dir do schloofe wëllt, maacht iech bäi! D‘Schloofplaze sinn nämlech limitéiert.
Fir weider Detailer iwwert den Transport vun Oochen aus mellt dir iech am bäschten op dëser Veranstaltung, fir de Rescht bei där vun de Kölner (mir haalen iech awer och soss um Laafenden, falls iech dat zevill gëtt).
Äre Comité!